Wat viru 25 Joer mat deem Gedanken ugefongen hott, dass eis Kanner mat Déieren opwuesse sollten, krute mer eisen éichten Hond. Doraus ass fir mech eng Leidenschaft a Passioun zu Honn entstanen, déi bis haut ëmmer nach wiist. Muppe si vun do un meng Begleeder op menge Sträifzich duerch d’Bëscher ginn.
Wéi ech mat mengem neie Welpen d’Hondsschoul Pfotenglück mat hiere vielfältigen Aktivitéite entdeckt hunn, hott sech Zesummenaarbicht mat dem Hond op ee neie Level gehuewen. All Dag sinn ech méi faszinéiert a begeeschtert, vun deeenen Dimensiounen an de Kapazitéiten, déi ee mam Hond zesumme léiere, schaffen an trainéieren kann.
Dëss Vielfalt hott mech ugespornt meng Hondsleidenschaft weider auszebauen a mat dem Hond zu eisem perséinlichen Hond-Mënsch-Team am Training zesummenzewuesen an eis Verbindung ze verdéiwen.
Aus dëser Leidenschaft eraus wëll ech lo mäi Beruff maachen.
Meng Spézialiséierung befaasst sech (ouni lo well ze vill verroden ze wëllen) mat dem Bewegungsapparat: Muskel- Koordinatiouns- an Balancetraining, fir Verletzunge virzebeugen, den Hond bis an den héichen Alter a méiglichst bester Form fit ze halen.
Duerch bewosst Massage kënne Verspannunge geléist a Stress bäim Hond (jo, dat gëtt et) reduzéiert ginn.
Ech freeë mech op eis zukünftig Zesummenaarbicht.
Telefon: 00352 621 665 847
Training in deutsch, letzebuergesch & französisch